wëllkomm bei nupieda

den 1. buerféiss-wanderveräin a lëtzebuerg

firwat buerféiss?

Déi meescht Mënsche sinn als Kanner op Spillplazen, am Gaart, vläicht och an der Spillschoul, ganz sëcher awer an der Vakanz buerféiss ronderem gelaaf. Als Erwuessenen kënnt et oft nach just seele viir dat een sëch d’Fräiheet vum buerféiss goe gënnt an d’Foussmuskulatur a -beweeglechkeet verkëmmert ëmmer méi.

Kannerdoktere roden oft déi kleng Butzen buerféiss laafen ze loossen, well et gutt fir d’Entwécklung vum Foussapparat an der insgesamter Haltung ass. Bei Erwuessenen kann d’Goen ouni Schong oft bei Réckwéi a Foussfehlstellungen hëllefen dowéinst misst ee versichen souvill wéi méiglech op Schong ze verzichten.

wat sinn d’virdeeler?

Et ass gesond
D'Geschicht vun de Schong ass och d'Geschicht vun de Foussdeformatiounen, dowéinst rode vill Doktere méi buerféiss ze goen - dat hëlleft nët nëmme géint Fehlstellungen. Je méi d'Bänner, d'Sehnen an d'Muskelen duerch Schong entlaascht ginn desto méi bilden se sech zrèck, dogéint ka buerféiss goen e positiven Effekt bréngen dee vum Fouss bis an de Réck bemierkbar ass.
jidderee ka matmaachen
Buerféiss goen ass fir jiddereen en Erliewniss fir dat ee kéng Suën oder eng deier Ausrüstung brauch, einfach Schong aus a lass. E gewinnte Wanderer ka säin Hobby duerch d'buerféiss goen nach eng Kéier ganz nei erliewen an een dee réicht zum Wanderer wëll ginn wäert nët méi anescht wëlle spazéiere goen. D'Trëppelen an der Natur hëlleft och bei Stress an huet e mediativen Effekt.
Et mëcht Spaass
Ob am Bësch, op der Plage oder an der Staat, bei ville Mënschen déi nët oft d'Schong ausdoen kënnt direkt no den éischte Meter en Aha-Effekt well den Taaschtsënn vun de Féiss mat de Joeren quasi inexistent ginn ass an d'Gefill, en naasse, matschegen oder steenege Buedem am direkte Kontakt mat der Haut ze spieren bréngt zu all Joereszäit Freed an entspaant Kierper a Séil zugläich.

zësummen d’natur erliewen

Buerféiss goen ass op eng gewësse Weis och en Ausenaanersetzen mat der Natur an domat och eng Erausfuerderung fir de Gemeinschafts-Sënn an engem Grupp. Et passt een nët nëmmen drop op wéi ee selwer sëcher de Wee betrëtt, et kuckt een och wéi déi aaner eens ginn.

Sou ergëtt sëch dat schéint an intensivt Erliewnis, eppes mat aaneren zësummen ze maachen. Besonnësch wann d’Gemeinschaft an nei zësummegesaatene Gruppen, Klassen oder Ekippen gestärkt soll ginn, kann eng Buerféiss-Wanderung oder en Ausflug an e Buerféiss-Paad vill bewierken.

intresséiert?
da maacht mat!

Besicht eis Facebook-Säit wou regelméisseg Wanderungen an Events ugekënnegt ginn. Jiddereen däerf matmaachen!