#dagounischong
… oder um Buerféiss-Wee

Besich den Event den 19. August zu Gréiwemaacher an trëppel mat eis e Wee duerch de Bësch, ganz ouni Schong. Mir weisen dir wéi‘s de richteg buerféiss gees an op wat‘s de oppasse muss.
Op engem extra ugeluegte Wee vun ca. 3km trëppele mir buerféiss iwwer verschidden Ënnergrënn, dat geet vu Sand a Bulli bis Wiss, Holz, Rindenmulch an nach vill méi.
Duerno gëtt et nach eppes Guddes vum Grill, Buerféiss-Spiller an e Fouss-Yoga Cours fir Kanner & Erwuessener bei deene mer léiere wat eis Féiss alles kënnen.
Dir kënnt Äer Schong och direkt bei eis loossen; mat Hëllef vun der Kolping asbl sammle mir Kleeder a Schong déi un déi Leit ginn, déi se am dréngendsde brauchen.










